Candida
Joël
Anne
Ricardo
#Eis Enseignanten
Méi wéi e Beruff

All Dag engagéiere sech eis Enseignantë fir d’Kanner an déi Jonk. 

All Dag stäerke si eis Gesellschaft.

All Dag gestalte si d’Zukunft.

Léiert eis Enseignantë kennen
E Beruff fir d’Zukunft

An der Gesellschaft vun haut brauchen d’Kanner an déi Jonk Repèren, fir ze wuessen an hir Plaz am Liewen ze fannen.

Eis Enseignantë vermëttele Wëssen, mee och wichteg Wäerter a Kompetenzen. Si stäerken d’Schüler an hëllefen hinnen, sech ze entfalen an hiert Potenzial ze entdecken. Si spieren de Bols vun der Zäit a passe sech ëmmer nees de Besoine vun de Schüler un. Eis Enseignantë gestalten d’Zukunft vun dëser Gesellschaft.

V1
E Beruff mat Perspektiven

Eis Enseignantë brénge vill an ënnerschiddlech Kompetenzen am Ëmgang mat hire Schüler mat. Op dës wichteg Aufgab solle se beschtméiglech preparéiert sinn duerch gutt Aus- a Weiderbildungen.

De Beruff vum Enseignant ass villfälteg. En erméiglecht ëmmer nees nei Perspektive mat ënnerschiddlechen Niveauen a Karriären, wou ee sech kann engagéieren.

V2